Salut Leit,
Am Infoladen leeft am moment sou richteg eng, wei der vlait scho matkrit hut.
Mir sin sait 5 Deg quasi permanent hei an hun den ale geescht aus dem infoladen gesicht, probeiert ze iwwerleen, wat en am fong sollt a kennt a sollt a wellt sin. Den Infoladen as am gaang sech ze verwandelen, ze evolueieren, seng identiteit ze fannen seng wuerzelen wuessen, seng myzelen dehnen sech aus, an spannennetzer gi gewiewt. Mir maachen elo express hei keng foto hin, fir iech nach mei ze lackelen.
Weinst der aktueller weltgeschichtlecher Lag, an Parallelen dei een emmer erem kann zweschen epochen zeien, gesi mir et als Schréibs datt et ammerhechsten Zait as fir eng ganz batter eescht gemengten glObal WAR!nung.
Dofir ruffen mir IECH op, eis an eisen Aktiounen ze ennerstetzen, oder selwer Deel vun der Schréibs ze gin, oder engem vun den sellechen projeten dei hei stattfannen oder hei verwuerzelt sin, an dei hei sait iwwer 8 joer nährbuedem am senn vun theoretescher a praktescher ennerstetzung, begleedung a berodung fannen.
MIR sin imens frou mat eisem Infoladen, an denken datt ouni hien den Geeschter vun er Kufa ausstierwen. Dan as Kufa net mei den alternativen Kulturzentrum vun der Minette mee nemmen na een alt Schluechthaus, wou dat selwecht leeft wei am exit07 oder a der philharmonie, just mat mei enger mei schlechter akkustik, an mat engem gewennorienteierten iwwerdeierten yuppie-nouvelle-luxembourgeoisie-resto. Dann as et ERIWWER
Mir hu Fridden geschloss mat der Kufa-administratioun, dei sech den sachzwaeng vum kapitalisteschen system ennerworf gesait, woufir mir sie e bessen bedaueren, an kucken elo mol wei et weidergeht, werten awer, egal wei nom 15.5 an och op weiderers DO bleiwen!
An desem Senn,
Wellkomm an der neier Zait,
A bis geschwenn hoffentlech,
A vergiesst net, e FUEDEM MATZEBRENGEN, sou LAANG wei meiglech!
Ärt
Dezentralt Nervesystem
am Numm vum
TVV/TABOOLA RASA strx via K.2.paragraf.2.garlaBOX13>23(666999):
“check+mate=passover”