Summercamp: Camp(f) fir deng Rechter!

Hei fannt dir e puer Informatiounen iwwer den groussen Summercamp, organiséiert vun der UNEL, Queesch, Jonk Gréng, Jonk Lénk, Vegan Society Luxembourg, Animal Justice, Save Animals, Journeylist(Sokrates), u.a.

IWWERSIICHT:
1) Intro
2) Virwaat ee Summercamp?
3) Chalet, Iessen an Gedrénks, usw.
4) Programm
5) Präis

1) Intro:
Arabësch Opstänn, Nato-Asaatz a Lybien, Fukushima, Scholden-, Euro- an EU-Kris, Demokratiebewegung a Spuenien,…fir nëmmen e puer Stëchwieder ze nennen: 2011 ass lo schon ee Joër wou sech politesch vill gedoen huet. Europa steet am Wandel. An „Indignez-vous“-Manéier gin d’ Läit op d’Stroos fir hieren Onmut an hier Onzefriddenheet ze äußeren. D’ Gefill daat et sou wéi bislo net kann weider goën an daat mir et selwer sin déi mussen den Wandel an d’ Hand huelen, ass dobäi deen gemeinsamen Nenner. Dofir: Camp(f) och du fir deng Rechter, siew dobäi an: SPREAD THE MESSAGE!!

2) Summercamp
Wéi gesäit di politesch Laag a Lëtzebuerg aus? Wéieen Lëtzebuerg/Europa wëllen mir?
Den Summercamp ass eng perfekt Geleegenheet fir jonk Menschen an enger relaxer Atmosphär des Froën an nach vill aanerer am Austosch zesummen ze diskutéieren. Doriwwer eraus ass et och ee perfekten Moment fir di eenzel deelhuelend Organisatiounen, hier Iwwerzeegungen an Zieler, besser kennen ze léieren. Mee ier ee Mëssverständnis opkënnt: Et ass absolut keng Viraussetzung enger vun dësen unzegehéieren fir um Summercamp deelzehuelen!

3) Chalet, Iessen, Drénken
Fir Gedrénks an vegant Iessen ass gesuergt. Selbstverständlech hënnert eech keen drun eegen Saachen matzebréngen. Wéi der uewen liesen kënnt ass den Chalet zu Beggen, mir wärten den Wee och nach zousätzlech vun der Haaptstroos aus kennzeechnen. Schlofméiglechkeet gin et dobaussen (eng grouss Zeltplaatz, also Zelt matbréngen!) an dobannen (Better fir 25 Läit). Et besteet och d’ Méiglechkeet ze duschen.
Hei den dInternetsäit vum Chalet: http://home.beggenerscoute​n.lu/

4) Programm
Ee genaue Programm fir déi 4 Deeg ass an Bearbëschtung. Mir probéieren en sou ofweeslungsräich wéi méiglech ze gestalten, d.h. Workshops, Virträg, Diskussiounen, Freizeitaktiviteiten, Party,…
Wann dir also nach eng Idi huet waat den Programm ugeet, z.B. wëllt der selwer ee Virtraag iwwer een beliebegt Thema haalen, dann sot eis Bescheed!

5) Präisser
En genaue Montant kënne mer iech leider nach net soen. Mir wärten awer alles dofir maachen, d’ Käschten fir Schlofen, Iessen an Drénken sou gereng wéi méiglech ze haalen. D’ Organisatoren wärten och een Groussdeel vun de Käschten iwwerhuelen.

Bei Froën: info@unel.lu

Filed under: activism — Tags: , — farzel - August 10, 2011 11:24 am

Trenner

No Comments

No comments yet.

RSS feed for comments on this post.

Sorry, the comment form is closed at this time.