No 8 Joer soll et also ferdeg sin mam Infoladen Schréibs an der Kulturfabrik Esch, ex-Schluechthaus. Den Infoladen as eng Plaz wou Leit sech kennen begeinen, wou ech och selwer Leit begeint sinn, elo schwetzen ech vu mir. Ech hun emmer font, dat des Plaz eng speziell Aura hat, eng Atmospher, an der villes meiglech as, an eng Art lescht Bastioun vun der sozial- an kulturkritescher Jugend, an der een op Ideen kennt an des och emsetzen kann. Bestemmt hun vill Leit dat ähnlech emfont.
Nodeems mer eis als Queesch Gedanken gemaach hun iwwert d’Wunnen, an eis dobai Gedanken gemaach hun iwwert de Raum an seng sozioekonomesch Topologie, mengen ech datt et hei erem eng Keier net aanescht as, wei an allen aaneren groussen Stied get den ehemols besaatenen Frairaum vun der Jugend an der Konscht iergendwann akkapareiert vun der Bourgeoisie, zu der des selwecht Jugend ginn as, an dei elo hei an engem schicken Restaurant kann zu metteg iessen. Den Dilemma as awer, dat et an desem Land op manst net mei vill Flecken gin, dei nanet akkapareiert gi sin.
De Raum, wou elo den Infoladen dran as, get gebraucht, fir do Bühnenapparatur hinzestellen, dei d’Kulturfabrik elo brauch, fir kennen der Konkurrenz vun Rockhal an Atelier technesch standzehalen. Et gin also erem eng Keier Menschen, Projeten, ersaat duerch Material an Technik.
Schued as datt grad sou eenzegarteg Reim wei den Infoladen verschwannen. Et get keen aaneren Infoladen an der Geigend, woubai ech un Info dat informalt am wichtegsten fannen. Et as wuel ee Buttek, wou ee Saachen ka fannen, och materieller, mee virun allem immaterieller. Et kann een och selwer Saachen do ubidden, oder fabrizeieren. Et ginn secher net vill Reim dei kennen vun sou villen Leit sou villsaiteg genotzt gin wei den Infoladen.
Et wir secher gud fir den Infoladen, wann an deser End-zait (e soll den 15. Mee raus) souvill wi meiglech Leit geifen dohin kommen, wee wees wat nach kennt, mei info op www.infoladen.lu

ech kann dech an eppes tréischten, d’KUFA huet präziséiert dass den Raum net fir Material benotzt get mee den Raum wou den Infoladen ass an déi läscht Joeren wuar fir Atelieren benotzt wärt gin, Atelieren matt Jonken déi momentan an engem Raum ofgehal gin wou och Material stockéiert get. Rationell kennt et op dat selwescht eraus, mee bon.
Comment by farzel — February 5, 2010 @ 10:32 am
D’Kufa ass schon laang keen Alternativen-Kultur-Raum. Et ass Raum wou vum Staat an puer Beamten verwalt get. Mech wonnert nemmen dass se den Infoldaden schon net eischter rausgeheit huet. Een raum wou sech Leit kennen treffen dei gären Alternativ Ideen entweckelen an Kritik un eiser Gesellschaft ausüben passt wuel schon laang nemmi an d’Konzept vun enger Gewenn orienteierter KUFA.
Zenter deem dass d’Kufa een neien Direkter huet an sou Leit wei den Rene Penning d’Macht hun do ze machen waat se wellen, get et souwiesou nemmen nach een Ziel vir sie, alles rausgeheien waat Alternativ ass, waat anescht ass, bzw keen Fric anbrengt. Et get wuel keen Wee, se drun ze henneren aus der Kulturfabrik eng Mini-Rockhal ze machen. Waat se elo brauchen ass een riesegen Schicken Restaurant wou een 20 Euro fir een Breidchen an een Glas Wasser bezillt ;). Oder eng Konzertshaal mat deirer Technik, wou een muss 10 Euro bezuelen fir eng International Bekannt Band wei Eternal Tango lauschteren ze goen.
Ech fannen et sollt schnell domadder ungefangen gin, MASSIV drock op d’Kultur Fabrik ze machen, fir dass den Infoladen kann bleiwen an langfristeg d’Kultur Fabrik rem zu deem get waat se war.
Eng meigelechkeet ass et op hier Facebook seit ze goen, an zu allen Artikelen MASSIV Kommentarer ze schreiwen.
http://www.facebook.com/group.php?v=wall&gid=19719053516
Eng aner ass et Demoen ze organiseiren. Et mussen schnell souvill wei meigelech Leit informeiert gin.
Comment by Kultur-Banaus — February 6, 2010 @ 11:09 am
Esoulaang ech d’KUFA kennen, an dat ass réischt no senger selbstverwalten Zait, kennen ech déi Kritiken an maachen se selwer zum Deel/hun se zum Deel selwer gemaach. An et gin genuch Lait déi se maachen. Elo, fir an der Queesch eppes iwert déi Situatioun/Entwecklung ze schréiwen, hun ech awer och d’Démarche gemaach d’KUFA ze froen wéi sie verschidden Saachen gesin, hiir eegen Entwecklung an d’Kritiken déi vun baussen kommen.
An dat lount sech och domadder auserneenzesetzen, well et erlabt engem besser ze verstoen an dodruch entweder ze soen, “ah, ok, ja dann ass meng Kritik net berechtegt” oder seng Kritik méi ze developéieren an net sech Hypothesen opzebauen déi naischt matt der Realitéit ze din hun. Am Kommentar vum Kultur-Banaus sin esou Thesen: Z.B. den Café als Beispill ze huelen fir wéi d’Employé’en hiir Muecht benotzen fir dass d’KUFA nemmen Fric ka maachen. D’Faiten sin awer: d’Employé’en wuaren deemol, iier deen momentanen Gérant den Restaurant iwerholl huet dofir dass d’KUFA selwer den Resto soll geréieren an en och méi soll an den Site integréiert gin. Et wuar den Conseil d’Administration deen daat aanescht decidéiert huet. Weideren Fait: d’Konzerten an der KUFA sin am Schnëtt méi bëlleg wéi Atelier an Rockhal. Weideren Fait: wanns de net gradd op d’Release vun Eternal Tango gees hues de d’Méiglechkeet op déi eng oder aaner Release vun enger letzebuerger Band fir naischt ze goen. Weideren Fait: D’Emplyoé’en an der KUFA sin net Grossverdiener.
Bon, et ass net u maer d’KUFA ze verteidegen, ech well just drop hiweisen dass vereinfacht an onorganiséiert Kritik riskéiert verlueren Energie ze sin an dass et sech vlait méi giff lounen sech ze organiséieren an ze informéieren. Du riffs zum Beispiel hei dozou op dass den Infoladen soll do bleiwen, mee hues de den Infoladen schon gefroet? Ass den Infoladen interesséiert matt daer aktiv ze gin an d’KUFA zereckze veränneren?
Fir sech ze organiséieren waer et mengen ech och gudd ze kommunizéieren ween een ass oder opmannst eng anonym e-mail adress unzegin fir dass ee net nemmen Kommentarer am virtuellen Netz kann loossen mee vlait eppes konkretes kann maachen… virun allem dann wann een aaneren beim Numm nennt waer et och fair sech net zevill ze verstoppen.
Mee et ass secherlech méi einfach wéi zu senger Meenung ze stoen well dat ass emmer een Risiko jugéiert ze gin, och vun Lait déi engem hiir Meenung net soen… an wéi een do d’Prioritéiten setzt hänkt dovun oof op een eppes veränneren well oder just meckeren ouni eppes ze riskéieren
Comment by farzel — February 8, 2010 @ 10:24 pm
une chronique publié sur infoladen.lu : http://www.infoladen.lu/index.php?option=com_content&view=article&id=147:chronique-dune-fin-annoncee&catid=30:schreibs
Comment by farzel — April 27, 2010 @ 7:09 am
jo farzel, ennerstetz den kapitalismus nach en bessen mei
haal deng pseudo weisheeten fir dech, sou eng aktioun vun der Kufa as net ze verteidegen.
Comment by Kim — May 2, 2010 @ 10:18 am
dann hues de main comment jo gud gelies. ech hun explizit geschriwen dass ech d’KUFA net verteidegen an dat allerläscht wat ech maachen ass den kaptialismus ennerstetzen. Mee een deen bei aaneren vun pseudowaisheeten schwätzt meng wuel siewesou vun sech selwer dat eenzegz Mooss vun allem ze sin an als eenzegen ze urteelen wat gudd an wat falsch ass. immens emazipatorsch
Comment by farzel — May 4, 2010 @ 2:58 pm
Mai leiwe Kim,
Ech wier frou, wanns du eng Keier geifs am Infoladen laanschtkommen an mir erklaeren wei sdu den “kapitalismus” gesais. mir kennen leider haut net mei franseich revolutioun spillen, et as keng bastille ze erstiermen, lues a lues geet denen meeschten menschen e liicht op. mir hun d’kontroll verluer, kee vun eis kan de kapitalismus ophalen, dofir as en zevill effizient a resilient. well mir awer su lues all cheken datt en eis futti mecht, a mir suguer zum deel am gaang waren, eis selwer an geigensaiteg futtizemaachen amplaz zesummen zehalen a mol eisen “feind”, also “den kapitalismus” kloer ze defineieren an ze entlarwen, an em e spigel virun aan ze halen, fir datt en seng eegen grausamkeet erkennt. mee suguer dat geet net duer. den kapitalismus huet neemlech keng gefiller, an as eng rieseg makro-maschin, dei no bestemmtenen prémissen an logiken funktioneiert an sech emmer weider fortpflanzt, mee gefiller huet en manner wei en Tyrannosaurus, an manner wei en Aids-Virus. En funktioneiert nemmen. Kal, onbarmherzeg, an klengkareiert.
D’Kufa as och nemmen eng relativ kleng kulturell Institutioun zu Letzebuerg, an sie as grad wei all Bäckerin, all Botzmann an all Strummert dem system ausgesat, muss sech gesetzer fuegen an kompromesser maachen fir nach iwwerhaapt KENNEN ze bestoen. Sie muss concerten organiseieren op dei leit kommen, fir datt si kann d’bands bezuelen, an all dei leit dei do schaffen, d’konkurrenz vun rockhal an exit aushalen, dei et soss net gi sin. d’kufa as net de kapitalismus, sie as em just ausgeliwwert, wei e schof engem rudel wellef. dat get och vum wollef gefries, an d’kufa as wahrscheinlech och scho bal ganz gefries gin, an dofir an engem zimmlechen zombiezoustand vun dem wat se emol. mee et as NACH naicht ze speit. wan den infoladen ereischt fort as, dan as et ze speit. definitiv. dan as d’kufa nemmen nach eng philharmonie mat schlechter akkustik an engem alen baufällegen schluechthaus. dan as de geescht dout. dozou sollten mer et net kommen loossen.
Dozou, dass du hei den Farzel, den secher een vun deenen Menschen hei zu Letzebuerg as, dei bis elo am meeschten zait an energie dragestach hun, eppes fir alterniv vernetzung, informatioun ze maachen, deem sain Verdingscht et as, datt et iwwerhapt soueppes wei en infoladen zu letzebuerg get. dofir fannen ech sollst du, den denken ech nach vill muss leieren iwer revolutionaer taktik am 21. jorhonnert, net den Farzel rofman an soen en wir fir den kapitalismus, en as neemlech een vun deenen eenzegen hei zu letzebuerg, dei jemols probeiert hun eppes dogeint ze maachen. an domat mengen ech net dek baaken man. eng entschellegung fir dat wats du geschriwwen hues wir hei ubruet.
den infoladen as bis op weideres all dag mindestens vun 15-21h op.
n
Comment by Neckel — May 4, 2010 @ 9:15 pm
ech kann verstoen wats du schréiws Neckel, mee ech giff verschidden Saachen awer rem méi op d’Aerd zereckbrengen, ech denken net dass ech een vun deen eenzegen wuar mee ech mengen ech wuar eischter Deel vun enger Dynamik déi eben virun e puer Joer méi staark wuar an wou d’Leit och vlait eng Zaitchen méi zesummengehaalen hun.
Ausserdem ass main Uléies hei eben net Saachen als Mythen ze gesin an ze kommunizéieren mee als dat wat se sin. Ech deelen domat net ganz deng Analyse vum Kapitalismus, och wann se sech schéin unhéiert an een se och esou kann gesin an an engem Märchen weidererzielen. Ech denken den Kapitalismus kann an soll een attackéieren MEE ech denken et muss een sech schon ganz kloer iwerléeen WOU an WéI fir dass et net rengen Aktionismus ass den méi dozou dengt egozentréiert Bedürfnisser nozegoen wéi sech an eng kollektiv Demarche aschréiwt vun Leit déi concernéiert sin.
Dofir fannen ech et genial dass den Neckel elo den Infoladen all Dag opmescht an domat een Raum opmescht deen d’Méiglechkeet bidd fir zesummenzekommen an eng kollektiv Demarche opzebauen, zesummen iwer Iddien an Aktiounen ze schwätzen an vum Frairaum profitéieren deen nach do ass fir hoffentlech opmannst deen Frairaum ze halen oder am Idealfall néier ze schaaffen.
Comment by farzel — May 6, 2010 @ 8:06 am
salut leit,
merci fir aer comments an implikatioun fir eis gemeinsam saachen. et stemmt dat ech vlaicht heindsdo heich schwiewen, ma dat mus een als geograph fir kennen sain makrokop richteg ze gebrauchen. (joel de rosnay, le macroscope) da makroskop as een gefeierlecht intrument, well en zu fehlinterpretatioune feire kann, mee en as och immens mächteg, well en all wessenschaftlech fakten dei mer aus dene 15 milliarden joer kann mateneen verbannen, an domad opalefall einegermoossen realistesch prognosen maachen wat eis gemeinsam zukunft vun denen nexten joren ugeet, dat nennt den kybernetiker systemesch modelisatioun.
och wann ech heinsdo op mythen flippen a gaeren saachen (re)mystifizeieren*, “gleewen” ech un naicht ausser der realiteit a meng eegen existenz an hir verbindung mam universum, an meng verwuerzelung an der erd, meng ofstaamung vum grousse bam vum liewen. Eent nom aaneren eenzeller (-1 milliard joeren), trilobiten (-600 milliounen joer), tetrapoden (-400 mio.), mammiferen (-100 mio) primaten (-6 mio). ech wees wou ech hierkommen a wei ech entstaanen sin an ech kennen d’geschicht, op manst e puer wichteg brochstecker an wendepunkter dovun. vun daer ech der meenung sin dat et just eng eenzeg get, genau wei et nemmen eng welt get an der alles a mir all verbonnen sin, och wa mir dat an d’welt aleguer anescht gesin. dofir as et sou wichteg eis perspektiven zesummenzeschleissen, fir mei en “objektivt” bild vun der realiteit ze kreien, an dei ze konfronteieren an ze erklaeren, opzeklären. dofir solle mir do sin.
(*Hartmut Boehme, Die Wiederverzauberung der Welt, Theorie der Moderne und des Fetischismus)
wann ech haut a mai makroskop kucken, dan as dat guer net sou schlemm. 2012 geht d’welt enner, et as een groussen “klack” vun engem makro-zennrad am eiwegen laf vun de gestirne. dat as net esoteresch spennerei, mee wessenschaftlech tatsaach. wei ech schon emmer wolt preziseieren, as dest den entguelegen ofschloss vun der Feschzaitalterlecher apokalypse, dei mam ausbroch vum 2ten weltkrich ugefaang huet, an de kollektiven antrett an een neit zeitalter. eng begeeschtert astrologin huet mir erklaert, dass am joer 2010 (aus ze komplizeierten fir hei ze erklaeren) ursaachen dei aeusser planeiten (saturn, neptun, uranus, pluto) eng wichteg rol spillen. an der astrologie gin dei inner planeiten (mei no bei der sonn ewei d’erd) verbonnen mat perseinlechen, individuellen saachen, an dei aeusser mat deenen kollektiven saachen.
kurzgefaasst : laut der astrologin geifen dei substanziell veraennerungen vun an zwee joer schon am joer 2010 ufänken sech ofzezeechnen, an an d’menschen ufaenken sech bewosst ze gin wat leeft. a wann ech an der lescht esou an d’zeitungen kucken, dat fannen ech dat sie do net sou falsch lait.
am moment a bis op weideres leeft eng permanent antikrichsmanif am infoladen schréibs. jiddereen deen eis welt moralesch an symbolesch ennerstetzen an deems en e fuedem matbreng an an eist spiderweb awiewt, wat mer virun der dier opgespaant huet. faarw bestemmt dir.
bis geschwenn hoffentlech
e gudde moien an e scheinen dag
dzns
Comment by neckel — May 7, 2010 @ 6:03 am
ps : ech gleewen nach un eppes, ma dat as ze perseinlech fir et heihin ze schreiwen. ech erklaeren iech et ganz awer gaeren perseinlech hei am infoladen.
Comment by neckel — May 7, 2010 @ 6:09 am
“Surveiller les images, controler les radios
Nous allons les prendre pour des idiots
Qu’ils se comporte comme des moutons
Que nous soyons a l’aise pour jouer le role des matons
Qu’ils viennent nous demander pardon
Nous garderons les reines, nous controlons l’information
Mais pour durer en politique cher collaborateur
N’oubliez jamais qu’avant tout il faut leur faire peur
Placer des bombes si et là pour effrayer la foule
et nous verrons, qui est là pour éloigner la foudre
Nous chasserons les barbares et les fous
qui ne croit pas que la démocratie capitaliste est une fin en soi
Nous voulons, un monde meilleur
Décrocher les wagons pour ne garder que les meilleur
Mais si vous n’en êtes pas, aller voir ailleurs
Compter sur vos écrans pour vous le rappeler d’ailleurs”
Danakil, Dialogue de sourds, 2008.
Comment by neckel — May 7, 2010 @ 6:31 am
[...] ist nach achtjähriger Existenz nun offenbar von der Schließung bedroht. Wie einem Artikel auf der Homepage der Zeitschrift Queesch zu entnehmen ist, soll der Infoladen zum 15. Mai seinen Raum auf dem Gelände der Kulturfabrik [...]
Pingback by Infoladen Luxemburg von Schließung bedroht « Salon Marx — May 7, 2010 @ 12:15 pm