Eat your Feet Festival Vol. 3

Eat yr feet flyer 8. 5. 2010 à Dudelange, Minett
/ Café Café 2, Café du Centre, Daddy’s Pub, Public

Salut dier leif Rocker,Hip Hopper, Elektro Leutz an Jazz Fanatiker!

Den 8ten Mee gëtt d’Jugend gebieden op Diddleng ze kommen fir zesummen mat eis an 18 Gruppen en flotten Owend an véier verschiddenen Caféen ze verbréngen!

Dësen CaféFestival soll eng Alternativ zu den iwwerdeierten Concerten sinn an iech en villfältegen Abléck an déi letzeboier Musekszeen bidden.

Dowéinst besuergt iech schnell een Ticket fir den sozialen Preis vun 5ö (bei den Gruppen, an den véier Caféen zu Diddeleng oder bei engem vun Backfisch, Soundhole Entertainment oder A.S.I) oder erlaabt iech den Luxus vun 8ö Oweskees.

Dëst ass schon déi drëtt Editioun (mir verléieren och ouni Féiss net d’Schlappen) an vu dat déi aner zwou Editiounen ëmmer eng gelongen Dekadenz mat iwwer 600 Entréeën waren, wäert den 8ten Mee d’Kierch sécher net am Duerf bleiwen.

an déifster Léift,
ären Chase McFeiss

Filed under: Concerts,Music — Neckel - March 11, 2010 7:36 am

Trenner

1 Comment »

  1. Moien,
    hei ass Medleyjukebox. Mir brengen eng cd eraus den 14/05 am Melusina. Mir wollten wessen op dir eventuell intresseiert waert eng Interview vun eis ze machen an e bessen publiciteit?
    A. vun MJ
    Ciao

    Comment by Medleyjukebox — May 1, 2010 @ 10:12 am

RSS feed for comments on this post. TrackBack URL

Leave a comment

XHTML: You can use these tags: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>